An der BGL-Ligue gouf et um 23.te Spilldag en 2-2 an der Spëtzepartie tëscht dem Tabelleleader Fola an dem Zweeten Hesper. Dee Remis huet deenen Escher secherlech méi bruecht wéi dem Swift. Ma och den Drëtten F91 Diddeleng konnt nom Gläichspill geint Hueschtert net vun der Geleenheet profiteieren, Punkten op déi zwee éischt gutt ze maachen. Am Ausland konnt de Gerson Rodrigues mat Dynamo Kiew den Championstitel an der Ukrain fréizäiteg feieren. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

26/04/2021 17h50 FLF Magazin

An d'Partien vum 24. Spilldag an der BGL-Ligue kënnt dir e Mëttwoch natierlech och nees Live am Stream an eiser Live Arena kucken.

Quiz-Äntwert: Pascal Carzaniga (Trainer Hesper)