4 Matcher bleiwen nach ze spillen, 12 Punkte bleiwen nach ze verdeelen, an d'Decisioun wien dës Saison Lëtzebuerger Futtball-Champion gëtt ass nach laang net gefall. Mat Diddeleng, der Fola an Hesper kommen nach 3 Equipen a Fro. Déi Escher hunn e Match manner a kéinten d'Tabellespëtzt nees iwwerhuelen. Ma och ëm déi 4 Plaz, déi eng Participatioun an der europäescher Conference League bedeit, bleift et spannend. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

10/05/2021 17h50 FLF Magazin

An der RTL Livearena kënnt dir dann d'Matcher an der BGL-Ligue e Mëttwoch den Owend nees live am stream suivéieren.

Quiz-Äntwert: Tom Schnell (Spiller vum Swift Hesper)