An der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball bleiwen nach 2 Spilldeeg. An deenen 180 Minutten decidéiert sech dann, wéi eng vun deenen 3 Equipen, Diddeleng, Hesper oder d'Fola sech d'Meeschterkroun kënnen opdoen. Duerno ass dann och gewosst, ob de Racing oder Nidderkuer, nieft deenen 3 virdrun ugeschwaten Veräiner, d'nächst Saison op der europäescher Bühn dobäi sinn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert

17/05/2021 17h50 FLF Magazin

A wéinst Päischtsonndeg ass den 29. Spilldag an der BGL-Ligue op e Samschdeg novirverréckelt ginn. D'Partien ginn all um 4 Auer ugepaff. Dann huet d'FLF haut och nach matgdeelt, datt de Frëndschaftslännermatch tëscht Norwegen an Lëtzebuerg, den 2. Juni, net zu Oslo, mä wéinst de sanitäre Mesuren, zu Malaga a Spuenien gespillt gëtt.

Quiz-Äntwert: Toni Luisi (Spiller Nidderkuer)