De Kader vun der Lëtzebuerger Futtballnationalequipe fir déi zwee Frëndschaftslännermatcher am Juni géint Norwegen an Schottland ass bekannt. D'850 Ticketen fir d'Partie géint Schottland am Stade Josy Barthel Live ze suivéieren, waren an Zäit vun 24 Stonnen vergraff. An der BGL-Ligue bleift et souwuel fir de Championstitel, wéi och fir déi lescht europäesch Plaz, bis déi lescht Sekonn spannend. Dann gouf an der Woch jo och e Fall vu Mobbing am Lycee zu Diddeleng bekannt. Den F91 hat fir de Concernéierten och eng Solidaritéitsaktioun an d'Liewe geruff. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

24/05/2021 17h50 FLF Magazin

Um leschte Spilldag, de nächste Sonndeg, ginn d'Partien an der BGL-Ligue dann alleguerten um 4 Auer ugepaff..., ënnert anerem och Diddeleng geint den RM Hamm Benifca, d'Fola spillt op der Jeunesse, an Hesper reest bei den FC Déifferdeng 03.

______

Quiz-Äntwert: Chris Stumpf (Spiller vum F91 Diddeleng)