D'Futtball Championnater sinn eriwwer..., d'Nationalspiller haten an de leschten Deeg awer nach keng Vakanz. D'FLF-Formatioun huet déi zwee Frëndschaftslännermatcher géint Norwegen an géint Schottland zwar all Kéier 0-1 verluer, ma den Trainer vun de Roude Léiwen, de Luc Holtz, war no deene Partien, awer ganz houfreg op seng Jongen. Mam Dan Da Mota gëtt et dann och elo en zweeten Lëtzebueger deen 100 mol den Trikot vun der Nationalequipe unhat. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

07/06/2021 17h50 FLF Magazin

Och d'U-21 vum Nationaltrainer Manuel Cardoni ass nach engagéiert. An der Europameeschterschaftsqualifikatioun gouf et e Freideg op der Grenz eng 1-2 Defaite geint Montenegro. Muer spillen déi jonk Rout Léiwen zu Falkenberg geint hir Alterskollegen aus Schweden.

Quiz-Äntwert: Dan Da Mota (gëscht säin 100. Asaz am Trikot vun der FLF-Nationalequipe)