Déi Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalequipe ass eréischt am Ufank vun hirer Entwécklung. E Samschdeg hunn d'Rout Léiwinnen zu Wegdichen "am Pëtz" um Terrain vum FC Wolz knapp 0-1 géint d'Belsch verluer. Et war en Optrëtt op deen ee méi wéi opbaue kann, Franky Hippert:

14/06/2021 17h50 FLF-Dammen

Et war eng ganz anstänneg Leeschtung..., an wat d'Resultat ugeet, hätt een dat am Virfeld wuel och esou ënnerschriwwen, den FLF-Dammennationaltrainer Dan Santos:

cut Jo, an eise President wuel och. Den 1-0 geet an d'Rei. Wann ech kucken d'Leidenschaft wei mer opgetrueden sinn, méi héich hätte mer och net verdéngt gehat ze verléieren.

Och d'Martine Schon, Dammenationalspillerin, an Schwëster vum FLF-Nationalgolkipp Ralph Schon, konnt mam Resultat an mat der Aart a Weis liewen:

cut Jo mir woussten datt et e staarke Géigner ass. Mir hu probéiert dogéint ze halen.

Positiv war och, datt d'FLF-Dammen de Rythmus vum Geigner konnte matgoen:

cut Jo et ass natierlech en anere Rhythmus wie mir dat an der ieweschter Divisioun gewinnt sinn.

An dobäi ass dei Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalequipe eréischt am Ufank vun hirer Entwécklung, wéi den Trainer vun de Roude Léiwinnen Dan Santos bemierkt:

cut Jo mir haten eréischt eisen 3. Lännermatch wéinst der Pandemie, an mir haten eng Altersmoyenne vun 21 Joer um Terrain stoen

Virun allem kënnt vun ënnen erop vill no:
cut Mir hunn eng U-17 déi gutt ass, eng U-15 an och eng 13 déi versprécht. En Haus baut een ënner vun ënnen op an net mam Dach.

Fir d'FLF-Spillerinnen war et och flotte Samschdeg  virun 500 Spectateuren ze spillen, och wann dat natierlech nach eng Kéier e bësse méi Drock mécht:

cut Ech war och immens opgereegt, mee ëmsou méi flott fir dann virun esou vill Leit alles ze ginn.

Déi Lëtzebuerger Dammenfuttballnationalequipe kritt elo emol 3 Wochen vun hirem Trainer fräi fir sech vun den intensiven leschten Wochen ze erhuelen. Am September geet et jo dann richteg lass mat de Matcher an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun.

An dat ass jo fir d'FLF-Dammen eng Premiere. Deen 1. Match ass den 17. September an Nordirland. Den 21. kommen dann d'Englännerinnen op Lëtzebuerg.