Lëtzebuerg géint England, dat ass muer den Owend um 1/4 op 8 an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun de grousse Rendezvous am neie nationale Futtball a Rugbystadion. D'FLF Dammen sinn déi éischte Kéier bei esou enger Qualifikatioun dobäi an kréien et an hirem éischten Heemmatch direkt mat esou engem schwéieren Géigner ze dinn. An nationale Championnat bei den Hären steet d'US Mondorf no 6 Spilldeeg iwwerraschend op der 3. Plaz an der Tabell. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

20/09/2021 17h50 FLF Magazin

Muer ass also de grousse Rendezvous vun der Dammennationalequipe an der WM-Qualifikatioun géint England, deen och Live bei eise Kollegen vun der Tëlee iwwerdroe gëtt. An der BGL-Ligue ass et Mëttwoch de komplette 7. Spilldag, an do spillt ënnert anerem Munneref geint den F91 Diddeleng.

Quiz: Dan Santos (FLF-Dammennationaltrainer)