Déi Lëtzebuerger Futtball Dammennationalequipe huet hir zwee éischt Matcher an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun hannert sech. Och wann et géint England eng 0-10 Defaite gouf, ass dat eng Experienz gewiescht, déi di jonk FLF-Equipe an Zukunft no vir bréngt. Am nationalen Härechampionnat ass den F91 Diddeleng nom 8. Spilldag nom kloeren 6-1 géint Ettelbréck nach ëmmer un der Tabellespëtzt. D'Spëtzepartie huet de Racing 2-0 beim Progres Nidderkuer gewonn. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

27/09/2021 17h50 FLF Magazin

An de Weekend ass den zweeten Tour an der Coupe de Luxembourg, an do krit ënnert anerem den CS Uewerkuer aus der éischter Divisioun et mam Tabelleleader aus der BGL-Ligue, dem F91 Diddeleng ze dinn.

Quiz: Laura Miller (Spillerin vum Standard Léck)