An dësen Deeg sinn d'Futtballnationalequipen voll am Asaz. D'Lëtzebuerger U-17 krut respektiv krit et an der Eliteronn vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft mat Frankräich an England ze dinn. D'A-Equipe huet de Frëndschaftslännermatch géint Nordirland schonn hannert sech, an spillt muer zu Zenica géint Bosnien-Herzegovina. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

28/03/2022 17h40 FLF Magazin

D'Partie vun der U-17 zu Wolz géint England gëtt wéi gesot muer den Owend um 6 Auer ugepaff. De Frëndschaftslännermatch vun der A-Equipe a Bosnien fänkt un 1/4 vir 9 un, an RTL ass mat Radio, Tëlee an Internet Live fir Iech am Asaz.