Déi Lëtzebuerger Futtball-Dammennationalequipe huet an der aktueller Weltmeeschterschaftsqualifikatioun schonn hiren zweete Match gewonnen. E Samschdeg war et zu Beetebuerg eng 3-2 Victoire géint Lettland. Muer geet et zu Esch scho weider géint Nordmazedonien. An der BGL-Ligue kann den F91 Diddeleng op mannst schonn d'Telefonsnummer eraushuelen fir den Schampes fir d'Championsfeier ze bestellen..., d'Jeunesse wäert d'nächst Saison keng Coupe d'Europe spillen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

11/04/2022 17h50 FLF Magazin

D'lescht Woch goufen och d'1/4.els Finalen vun der Coupe de Luxembourg gezunn. Den Tabellenzweeten aus der BGL-Ligue, de Progrès Nidderkuer kritt et mam Leader F91 Diddeleng ze dinn. Da spillt Titus Péiteng géint d'Etzella, Schëffleng aus der Éierepromotioun däerf doheem géint de Racing untrieden a Käerjeng aus der Éierepromotioun kritt Besuch vun der Escher Fola.

Quiz-Äntwert:  Neil Pattisson (Trainer vun der Etzella).