Fir d'Spiller vun der Lëtzebuerger U-17 Futtballnationalequipe fänkt haut e grousse Moment an hirer Karriär un. Bei der Schlussphase vun der Europameeschterschaft kritt d'Equipe vum FLF-Nationaltrainer Mario Mutsch et lo a ronn enger Stonn mam Organisateur Israel. An der BGL-Ligue ass den F91 Diddeleng esougutt wéi Champion, ma fir de Rescht sinn awer nach e puer Decisiounen op. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

16/05/2022 17h50 FLF Magzin

D'Matcher vun der Lëtzebuerger U-17 op der Endphase vun der Europameeschterschaft kënnt dir och all Kéier bei eise Kolleegen vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee Live suivéieren. D'Partie Israel-Lëtzebuerg gëtt den Owend um 7 Auer ugepaff.