Et ass d'Phase vun den Decisiounen am nationale Futtball. An de Barragematcher konnten sech Hueschtert an Wolz all Kéier an der BGL-Ligue halen. An der Coupe de Luxembourg ass de Stater Racing no der Victoire an der Final géint Diddeleng, d'nächst Saison europäesch. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:

30/05/2022 17h50 FLF Magazin

An den ënneschten Divisiounen ginn d'Barragematcher haut weider. Den Owend spillt zum Beispill um 1/2 8 zu Dikrech, Wëntger aus der zweeter Divisioun géint Sandweiler aus der éischter. Bei den Dammen gëtt och um 1/2 8 zu Wuermer d'Partie tëscht der Entente Rouspert-Bäerdref-Konsdref aus der éischter Divisioun géint de Pafendall-Weimerskirch aus der zweeter ugepaff. Déi Lëtzebuerger U-21 spillt an der Europameeschterschaftsqualifikatioun en Donneschdeg den Owend um 1/2 8 um Fola-Terrain zu Esch géint hir Alterskollegen aus Schweden.

Quiz: Romain Ruffier (Goalkeep a Kapitän vum Racing)