Wéi an de meeschte Sportaarte spillt d'Préparation physique am Futtball  eng wichteg Roll. Bei der Futtball-Nationalekipp huet de Claude Origer dës Missioun. Wéi hien dozou komm ass an aus wat seng Aarbecht besteet, dat verréit ons de Gilles Tricca.

06/06/2022 FLF Magazin

Ier de Claude Origer Préparateur physique ginn ass, war hien Trainer beim Racing oder och nach beim F91 Diddeleng. Seng Pro-Lizenz huet hien an der Schwäiz gemaach, d'Loscht, eng Ekipp ze trainéieren, ass awer iergendwann verluer gaangen a wéi de Luc Holtz him de Poste bei der Selektioun proposéiert huet, ass fir de Claude Origer en neien Challenge ugaangen. An deen ass interessant a villfälteg.

"Futtball ass immens komplex. Du muss einfach an allen Domainë gutt sinn. Du muss eng gewësse Schnellegkeet hunn. D'Vitess kann een och erëm ënnerdeelen a Reaktiounsschnellegkeet, a Ballschnellegkeet an ouni Ball."

Elo, fir d'Nations League ze preparéieren, war d'Erausfuerderung am Virfeld vun de Matcher zimmlech grouss.

"Mir sinn um En vun der Saison. Mir hu Spiller, déi hu praktesch Ufank Mee hire leschte Match gespillt. Anerer, déi hu bis dräi oder véier Deeg virun eisem éischte Match Matcher gespillt. Et ass immens wichteg, datt een déi ganzen Zäit mat de Spiller a Kontakt ass, mat de Veräiner a Kontakt ass, fir datt een en Iwwerbléck kritt iwwert dat wat se maachen, wou hir Defiziter sinn, an natierlech och berécksiichteg, hu se vill an der Vergaangenheet gespillt, ware se verletzt. Do schaffe mir dann och vill am Virfeld mat individuelle Programmer."

2 Spiller hunn dann och virun dëser Nations League dovu profitéiert.

"Zum Beispill de Leandro Barreiro an den Dirk Carlson, déi waren zesummen eng Woch fort an hunn individuell Trainingsprogrammer kritt, déi genau op si zougeschnidde waren, fir déi Defiziter respektiv dat opzefänke wat een an deene 7, 8, 9, 10 Deeg verléiere kann."

D'Planifikatioun fir e Stage oder och eng Trainingsunitéit ass ëmmer e gemeinsamen Job mam Trainerstaff.

"Dat ass alles scho futtballspezifesch orientéiert an ech menge mat deene Methoden, wou et ginn, probéiert een dorausser een Training ze maachen, deen um Terrain stattfënnt. Sieft dat elo an engem Kraafttrainingsberäich, datt mir dat direkt och oft mat Ëmsetze maachen, a futtballspezifesch Beweegungen an d'Schnellegkeet och a klenge Spiller trainéieren an dat selwecht och wat den Ausdauerberäich ugeet. An dofir ass et och immens wichteg, um Terrain selwer dat Ganzt ze iwwerwaachen, ze steieren."

De medezinesche Staff an d'Kinéë spillen och eng wichteg Roll fir d'Fitness vum engem Spiller, mee de Futtballer muss awer och scho vu sech aus bereet sinn, sech wéizedoen.

"Ech vergläichen et ëmmer mat engem Diamant. Dann ass et wichteg a wéi engen Hänn en ass op all Niveau, fir datt e geschlaff gëtt. Anerer si villäicht keen Diamant, mä déi sinn e Steen an déi kann een dann och schläifen, natierlech nëmme bis op e bestëmmten Niveau. Et muss een natierlech och d'Viraussetzung hunn. Da muss de Spiller oder de Sportler dat och wëllen. An dann ass et wichteg, datt en an de richtegen Hänn ass op all Niveau."

Et ass ze hoffen, datt d'Rout Léiwe fit genuch sinn, fir nach e puer Punkten an dëser Nations League ze sammelen, de nächste Rendez-vous ass schonn en Dënschdeg den Owend op de Färöer Inselen.

De Match kënnt Dir live bei de Kolleege vun der Tëlee, op RTL.lu an um Radio suivéieren.