Um zweetleschte Spilldag virun der Wanterpaus gouf et an der BGL-Ligue de Déifferdenger Derby. Um Enn huet d'Partie tëscht dem FC Déifferdeng 03 an dem Progrès Nidderkuer och dat gehalen wat een sech vun esou engem Match erwaart. De FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert.

05/12/2022 18h50 FLF-Magazin

De Weekend lo ass dann den 15.ten an domat leschte Spilldag virun der Wanterpaus. E Samschdeg spillt schonn ënnert anerem Hesper géint d'Jeunesse. E Sonndeg kritt dann ënnert anerem de Racing Besuch vun der Fola.