Méindeg, den 20. Juni 2022, kuerz no 13.00 Auer, bréngt RTL Radio Lëtzebuerg zwou politesch Emissiounen an der Serie vun de fräie Gespréicher, déi vun der Regierung fir déi Lëtzebuerger politesch Parteien op der Antenn vun RTL ugefrot a reservéiert sinn.

Dat éischt Gespréich ass fir d'ADR reservéiert, dat zweet fir d'DP.

An der Emissioun vun der ADR schwätzt den Här Roy REDING, Deputéierten, zum Thema Tripartite-Gesetz, Index a Präisdeierecht.

20/06/2022 Tribunes Libres ADR Roy Reding

An der Emissioun vun der DP schwätzt den Här Gilles BAUM, Deputéierten an DP-Fraktiounspresident, iwwert d'Mesuren aus dem Tripartite-Accord, déi d’lescht Woch an der Chamber gestëmmt gi sinn.

20/06/2022 Tribunes Libres DP Gilles Baum