RTL Radio Lëtzebuerg bréngt Reegelméisseg zwou politesch Emissiounen an der Serie vun de fräie Gespréicher, déi vun der Regierung fir déi Lëtzebuerger politesch Parteien op der Antenn vun RTL ugefrot a reservéiert sinn.

Dat éischt Gespréich ass fir d'DP reservéiert, dat zweet d'CSV.

An der Emissioun vun der DP schwätzt d'Madamm Carole HARTMANN, Deputéiert an DP-Generalsekretärin, iwwert d’Urteel vum ieweschte Geriichtshaff vun den USA, fir d’Recht op Ofdreiwung z’annuléieren. Fir d’DP-Deputéiert ass dat eng schlecht Nouvelle fir d’Selbstbestëmmung vun der Fra iwwert hire Kierper. An eng Warnung, datt d’Frae musse weider fir hir Rechter kämpfen.

04/07/2022 Tribune libre DP Carole Hartmann

Den Titel vun der Emissioun vun der CSV ass: „Méi mateneen am Beräich vum Logement”. Et schwätzt den Här Marc LIES, Deputéierten a Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper.

04/07/2022 Tribune Libre CSV Marc Lies