Et war säi Joer: Direkt am Januar den éischten Succès bei engem ATP-Turnéier, als 21. déi bis haut beschte Plazéierung op der Tennis-Weltranglëscht an zu Wimbledon fir d'éischte Kéier an der Aachtelsfinale no engem memorablen 5-Saz-Match géint de Rafael Nadal an um Enn vum Joer vläicht fir d'4te Kéier hannert eneen den Titel als Lëtzebuerger Sportler vum Joer. Mat 34 Joer war en um Top vu senger Karriär, och wann no den US Open seng Form ofgeholl huet eng Blessure seng Saison gestoppt huet. Elo ass de Gilles Muller nees am Training a kuckt op déi nächst Saison. Wat en do wëlles huet a wéi e selwer all déi Momenter 2017 emotional erlieft huet, dat erzielt de Gilles Muller muer als Freides Invité tëscht 12 an 1.

08/12/2017 freides Invité