Säi Beruffsliewen huet en interessante Wee zu Lëtzebuerg geholl, ëmmer erëm war de Jean-Claude Bintz bei innovative Projeten vun Ufank un derbäi. Vun de Finanzen iwwert d'Publicitéit bei d'mobil Telephonie an nach weider an trotzdem huet hien sech och ëmmer Zäit geholl fir eng grouss Passioun: d'Musek. Zënter 15 Joer ass e mat Crossroads ënnerwee, e Projet, deen e mat 3 Kollege lancéiert huet, déi all vrun allem de Blues am Blutt hunn. Fir de Gebuertsdag komme Concerten an en DVD, deen zu Munneref opgeholl gouf. Wéi deen zustane komm ass a wour de Wee vum Jean-Claude Bintz nach hiféiert, erzielt en eis dës Woch als Freides Invité.

15/12/2017 Freidesinvité