Den däitsche Schauspiller Axel Milberg verbannen der vill mat senger Roll als Tatort-Kommissär Klaus Borowski, déi den Acteur, deen zu München lieft, zënter 2002 reegelméisseg spillen däerf.
Den Axel Milberg ass awer méi ewéi just en Tatort-Kommissär. Den Acteur, deen och scho grouss Succèsen op der Theaterbühn feiere konnt, ass eng vun de beléiftsten däitsche Stëmme fir Lauschterbicher a grousse Frënd vun der Literatur.
Gëscht war hie fir eng Liesung am Trifolion zu Iechternach an haut de Freides-Invité tëscht 12 an eng bei eis um Radio.

19/01/2018 Freides-Invité Axel Milberg