Et ass dat natiirlechst Instrument, dat et gëtt an et ka jiddereen et selwer probéieren: eis Stëmm. Wat ee mat senger Stëmm alles ka fäerdegbréngen, dat beweist den Ament de Festival ACAPE'LLA am CAPE zu Ettelbréck. Wéi dat kléngt a wéi stëmmeg dat ass, dovunner ezielt eis den Direkter Carl Adalsteinsson, deen zenter 4 Joer den Toun am Centre des Arts Pluriels ugëtt. Wéi gutt gefält et him do a wéi gutt dem Publikum. D'Stëmm vum Carl Adalsteinsson héiere mer live a geschwat, well hien ass eise Freides Invité dës Woch.

26/01/2018 Freides-Invité Carl Adalsteinsson