Ee Filmfestival jot deen aneren, och wann se zu Berlin nach amgaange sinn de gëllene Bier ze sichen, fänkt an enger Woch och de Lëtzebuerger Filmfestival un an dee ka sech a Punkto Qualitéit duerchaus weisen. Dat fänkt mam oscarnominéierten Ouverturesfilm "The Breadwinner" un an hält mam President vum Jury, dem kanadesche Realisateur Atom Egoyan op. Wéi kritt een esou en Evenement opgebaut? Wéi vill Stonnen Organisatioun ginn drop a wéi kritt een héichkaräteg Filmer an d'Competitioun. D'Diane Tobes an den Alexis Juncosa erzielen als Freides Invité iwwer hir Aarbecht an iwwer de Cru 2018 vum Luxembourg City Film Festival.

16/02/2018 Freidesinvité