Zu Haifa gebuer, zu Wien opgewuess an tëscht 2000 an 2013 mam Inouï e feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Kulturliewen an dunn zeréck an Éisträich.
Esou kann een d'Vita vum Shlomit Butbul an ee Saz faassen.
D'Actrice a Sängerin ass dësen an nächste Freideg fir zwee ganz ënnerschiddlech Optrëtter mol nees zu Lëtzebuerg. Iwwer dës, hir aktuell Projeten an och d'Roll, déi de Grand-Duché nach an hirem Liewe spillt, schwätze mer mat eiser Freides-Invitée wéi ëmmer tëscht 12 an eng.

23/02/2018 Freides Invité