"End of the rainbow" heescht d'Stéck iwwert d'Liewen vun der amerikanescher Actrice Judy Garland, déi mam Film "The wizard of Oz" schonn als jonkt Meedchen weltbekannt gouf. D'Marion Poppenborg huet dëst Theaterproduktioun elo mam Sascha Ley an der Haaptroll op d'Brieder vum Théâtre National bruecht. Déi däitsch Regissuerin pendelt schonn zënter Joren tëscht Schauspillerei a Regie, tëscht franséisch an däitsch, tëscht Saarbrécken a Lëtzebuerg hin an hier. Iwwer hir aktuell Produktioun an all hir aner Projete schwätze mer mam Marion Poppenborg, si ass dës Woch de Freides Invité.

30/03/2018 Freidesinvité