Zënter 2008 lieft a schafft d'Tatsiana Zelianko zu Lëtzebuerg. Déi geléiert Pianistin kënnt aus Wäissrussland an hat sech hei an d'Kompositiounscoursë vun Alex Müllenbach a Claude Lenners ageschriwwen. Zënterhier huet si schonn eng ganz Rei Creatiounen an hirem Palmarès stoen, ausserdeem schafft se als Piano-a Gesanksproff. Nächsten Dënschdeg gëtt e Wierk vun hir am Kader vun enger Zeremonie fir d'russesch Colonie zu Mäertert vru ronn 100 Joer opgefouert. Wéi se hir Musek gesäit a wéi se sech zu Lëtzebuerg fillt, dat erkläert d'Tatsiana Zelianko. Si ass dës Woch eis  Freides-Invitée.

13/04/2018 Freidesinvité