Seng Wierker huet ee scho gesinn ouni et vläicht ze wëssen. Dem geléierte Graphik-Designer Paul Kirps seng Illustratioune fënnt een och am ëffentleche Raum: um Kierchbierg um provisoresche Jean-Monnet-Gebai, am Lycée zu Mamer oder och am Cercle Cité. An op enger ganz prestigiéiser Plaz an zwar am MOMA zu New York. Den Ament kann ee Wierker vum Paul Kirps awer och an der Galerie Nosbaum-Reding kucke goen. De Paul Kirps ass dës Woch eise Freides-Invité.

25/05/2018 Freides Invité