Seng Stëmmlag ass Bariton/Bass, ausgebilt zu Salzburg an zu Amsterdam. De Jean Bermes ass awer net de reng klasseschen Interpret, deen ee just an der Oper oder am Concert begéint. Hien mécht sech eng Freed draus, och manner konventionell a mat vill Humor Musek a Programmer fir Kanner an Erwuessener opzeféieren. Mam Pianist Denis Ivanov presentéiert hien d'nächst Woch als Duo "Borisowitsch& Jang" d'Produktioun "Nain porte quoi" bei där sech vill, wéi den Titel et seet, ëm d'Zwerge dréint. A wat nach soss nach alles beim Jean Bermes op der Lee steet, erkläert en eis dës Woch als Freides Invité.

15/06/2018 Freides Invité Jean Bermes