Et gëtt e schonn zënter 65 Joer, deemools haten e puer Wëlzer d'Iddi vun engem Festival. Mam Theaterstéck "Jedermann" ass alles ugaangen an duerno ass de Wolzer Festival weider gewuess. Lescht Joer krut en e Lifting fir sech der Zäit unzepassen. Gebuede gëtt eng Programmatioun, déi e Crossover ass vu verschiddene Stiler an déi international, national a lokal Kënschtler an Associatiounen zesummenzebréngt. Dëst Joer begéint een Akkrobatik, Jazz, World Music, Kannertheater, eng Oper, awer och eng Kombi aus Neo-Klassik, Jazz an Electro. Responsabel fir d'Programmatioun sinn d'Elvira Mittheis an de Marc Scheer, déi lescht Joer hir éischt Erfarunge gesammelt hunn an elo déi zweet Editioun lancéieren. Wéi ass et gelaf a wéi leeft et, doriwwer schwätze mer mat hinnen dës Woch an der Emissioun Freides Invité.

22/06/2018 Freides Invitéen D'Elvira Mittheis an de Marc Scheer