Zënter 2000 gëtt et zu Grevemaacher de Kulturhuef an zënter dësem Dënschdeg huet dee sech ganz nei erausgefiizt. Besonnesch déi permanent Ausstellung iwwer d'Geschicht vum Buchdrock krut eng nei aktualiséiert Versioun. Et gëtt awer och en neie Musée-Shop, et kann een nach ëmmer an de Kino goen, an d'Expo iwwer d'Spillkaarten oder einfach eppes iessen an drénken an de Bistrot. Zënter 13 Joer ass d'Monika Jakobs Directrice vum Kulturhuef a si kennt hiert Haus vu bannen a baussen. Wat d'Roll vum Kulturhuef ass a wéi e sech elo presentéiert, doriwwer schwätze mer dës Woch mat der Freides Invitée Monika Jakobs.

06/07/2018 Freidesinvité