"Où es-tu, où es-tu?" hu mer an den 80er all matgesongen. Rieds geet natierlech vum France Gall sengem Mega-Tube "Babacar". Eng Geschicht, déi sech 1986 am Senegal ofgespillt huet.

27/05/2020 HitStory - BABACAR

Enn de 60er Joren ass d'France Gall eng éischte Kéier an de Senegal gereest. Zanterdeem war dat westafrikanescht Land quasi der Sängerin hir zweet Heemecht. Dakar a vrun allem déi kleng Insel N'Gor, op där d'France nom Dout vum Michel Berger an no der Gesangskarriär 6 Méint am Joer verbruecht huet.
1986 ass d'France Gall der Fatou Sall an hirem Puppelchen Babacar begéint. Eng jonk an aarm Mamm, déi vun hirem Mann verlooss gouf an e Star, glécklech bestuet a voll am Liewen. D'Fatou huet an hirer Verzweiflung dem France Gall de Bëbee an d'Äerm gedréckt a gesot: "Huel mäi Kand mat a Frankräich, hei verhongert et. Ech kann net fir et suergen."
D'Sängerin war perplex, huet e puer Fotoe gemaach a versprach, iwwert d'Propose nozedenken. Nees doheem zu Paräis huet d'Koppel Gall-Berger diskutéiert an decidéiert, keng Adoptioun an d'Weeër ze leeden mä d'Kand am Senegal ze loossen an dofir ze suergen, datt et gutt a gesond opwiisst.
Kuerz drop huet de Michel Berger dat Erlieftent a Musek ëmgesat.
Am Januar 87 si Gall a Berger zeréck op Dakar geflu fir de Clip ze dréinen an hunn och d'Fatou an hire Fils erëmgesinn. Mamm a Kand konnten eng kleng Wunneng finanzéiert an d'Fatou och eng Ausbildung als Néiesch kréien. En zweet Treffe gouf et 1992 an eng leschte Kéier hat d'France Gall am Abrëll 2015 Kontakt mam Fatou a Babacar.
De Babacar huet haut 34 Joer a schafft fir ronn 100 € de Mount als Security-Agent. E Kamerateam vun M6 huet en 2018, kuerz nom Dout vun der France Gall erëmfonnt.

© M6