Wat de Summerhit 2002 mat engem Pionéiersong vum Hip-Hop  aus em Joer 1979 verbënnt oder: Wann e Spuenier net gutt Englesch schwätze kann ...

30/06/2020 HitStory - THE KETCHUP SONG (ASEREJE)

De Juan Muños ass Flamenco-Gittarist zu Córdoba an Andalusien, wou all Mënsch en als „El Tomate“ kennt. En huet 4 Meedercher, d'Lucia, eng Flamenco-Sängerin, d'Lola, Actrice, d'Pilar, Ekonomie-Studentin an d'Rocío, wat nach an d'Schoul geet.
En anere Flamenco-Gittarist, de Manuel Ruíz, genannt „Quebo“, war 2001 bei der Famill Muños op Besuch. Am Laf vum Owend ass d'Iddi entstanen, mat deenen 3 eelere Schwësteren - d'Rocío war deen Ament nach ze kleng – e musikalescht Experiment ze woen. En Trio, fir deen den Numm dann och séier fonnt war: E klengen Hommage un de Papp „El Tomate“ a seng Affinitéit fir dat rout Geméis, „Las Ketchup“ ware gebuer.

Du koum de Manny Benito mat an d'Spill, en Texter, deen och scho fir d'Céline Dion spuenesch Iwwersetzunge geliwwert huet. Hien huet sech d'Story vum schmocken Dänzer Diego ausgeduecht, dee freides owes a senger Stamm-Disko déi jonk Dammen checkt a sech all Kéiers op säi Liblingslidd freet, dat den DJ da quasi als Héichpunkt vun der Soirée opleet.

„Rapper's Delight“ vun der Sugarhill Gang aus em Joer 1979, ee vun den éischte Rap-Songs iwwerhaapt. Eisen Diego séngt dann och ëmmer mat, huet et awer net esou mam Engleschen. An esou gëtt aus „I said a hip hop, the hippie to the hippie ...“  an der phonetescher Iwwersetzung „Aserejé, ja deje tejebe tude jebere ...“ asw.

Aserejé“ huet also guer keng Bedeitung, et ass e Konschtwuert.
Clever, wéi déi ganz Ketchup-Crew nun mol war, gouf och nach e klengen Danz dobäi erfonnt a prett war de Summerhit 2002.

De „Ketchup Song“ war 13 Woche laang op der Plaz 1 a Spuenien an huet no an no och ganz Europa mat Tomatenzooss infizéiert: Nummer 1 a 26 Länner. Déi japanesch Iwwersetzung gëtt et och an eng Chrëschtdagsversioun huet noutgedrongen net laang op sech waarde gelooss ...