"Megalopolis" heescht den neie Film mam Dustin Hoffmann, dee virun e puer Deeg ofgedréint gouf an d'nächst Joer an de Kino kënnt. Den Acteur huet dem Pit Biwer verroden, wéi een um Set eng gutt Ambiance schafe kann. De Schauspiller, deen den Ament genuch ze dinn huet, ass esou gutt an deem wat e mécht, dass de mëttlerweil verstuerwene Wolfgang Petersen hien eemol als e besiessene Kënschtler bezeechent huet.

23/03/2023 Hollywood Reporter