En Donneschdeg de Moie war den Direkter vun der Cinemathèque eisen Invité vun der Redaktioun.

"Eng vun de Missiounen vum Luxembourg City Film festival ass et, iwwerhaapt emol ze existéieren." Et hätt laang gedauert, mä mëttlerweil ass en etabléiert, an definéiert sech als e Publikumsfestival mat engem internationale Charakter. Där Meenung ass de Claude Bertemes.

Den Direkter vun der Stater Cinemathéik war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun, an hien ass frou, dass de Festival och eng ideal Plattform wier, fir och lëtzebuergesch Produktiounen an enger Avant-première ze weisen an ze promouvéieren. Dass dat gutt klappt, géif sech schonn eleng dodrunner weisen, dass dëst Joer sou vill Lëtzebuerger Filmer derbäi sinn, wéi nach ni virdrun.

Den eenzege Barometer fir d’Filmer erauszesichen, wier awer d’Qualitéit vun der Produktioun. Dëst Joer wiere ganz vill Filmer derbäi, déi vu Frae realiséiert goufen, oder déi eng Fraen-Thematik hätten, wat erfreelech wier a weise géif, dass Fraen am Film-Secteur ëmmer méi u Pouvoir gewannen.

Wat déi héich Investissementer vu staatlecher Säit an de Film-Secteur uginn, mengt de Claude Bertemes, dass Film eben och Konscht wier, an dass d’Konscht ebe subventionéiert gëtt.

Ob déi staatlech Hëllef fir de Film-Secteur ze héich wier, respektiv d'Lëtzebuerger Filmer misste méi erabréngen, dat wollt de Claude Bertemes net jugéieren. Ma, et géing jo och drëm goen, sech international ze etabléieren. Zum Beispill jonk Lëtzebuerger Realisateuren am Ausland weiderzebréngen.

Als Direkter vun der Stater Cinemathéik ass hien iwwerdeems der Meenung, dass dës vun den Infrastrukturen hir gutt opgestallt wier. Eng 20.000 Kopie ginn den Ament bei hinne gelagert. Et géif drëms goen, virun allem de Public ze stimuléieren, an dat wier an de leschte Joren gutt gelongen.

AUDIO: Radio - Invité vun der Redaktioun: Claude Bertemes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.