En Dënschdeg de Moie war d'Presidentin vum Groupement Transport a CEO vun Arthur Welter Transports eis Invitée vun der Redaktioun.

Déi annonçéiert Hausse vun den Accisen um Diesel vun 2 Cent pro Liter mécht dem Logistik-Secteur nawell Kappzerbrieches.

D’Marianne Welter, d’Presidentin vum Groupement Transport a Chef vun der Transport-Firma Arthur Welter war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun an huet do erkläert, dass 2 Cent zwar no wéineg géif kléngen, mä fir grouss Betriber kéim een domadder ganz séier op wäit iwwer 100.000e d’Joer u Méi-Käschten.

Dës Käschten misst een natierlech probéiere weider ze ginn. Et wier och net onméiglech, dass et derzou féiert, dass manner Personal am Secteur agestallt gëtt.

Diesel-Gefierer wieren dem Marianne Welter no bis ewell weiderhin déi eenzeg wierklech Alternativ, wann et ëm méi laang Transport-Strecke via Camion geet, well aner Technike fir d’Camionen nach net ausgeräift genuch wieren.

Am Ausland géif et Kompensatiounsmesure fir Betriber ginn, déi duerch Méi-Käschte belaascht sinn. Hei zu Lëtzebuerg wier dat net de Fall, wat ee géif bedaueren.

Duerch d’Hausse vun den Accisen géif also haaptsächlech nees de Logistik-Secteur gestrooft ginn, obwuel d’Politik vun der Regierung jo eigentlech drop ausgeluecht ass, dësen ze stäerken, sot d’Marianne Welter.

Och de Plang vun der Regierung, fir den 9. Mee en zousätzleche Feierdag wëllen anzeféieren, stéisst bei der Presidentin vum Groupement Transport net grad op Begeeschterung, schonn eleng, well schonn den 8. Mee e Feierdag a Frankräich ass. Esou wiere Camionen, déi op dëse Streck ënnerwee wieren, ënner Ëmstänn fir 2 Deeg blockéiert.

De Sozialdumping bei der Firma Jost wollt d'Marianne Welter net kommentéieren. Et géif ee sech awer vun dëse Methoden distanzéieren. An fir deenen entgéint ze wierken, missten Transportfirmen ophale virop un de séiere Profit ze denken, mä misste laangfristeg investéieren.

Eng weider Suerg ass den Net-Duebelbesteierungsofkommes mat Frankräich. Duerch dësen ass et fir e Fransous steierlech net méi esou interessant, fir eng Lëtzebuerger Entreprise ze fueren.

De Grand-Duché géif also manner interessant ginn. Et wier een awer op d'Frontalieren ugewisen, et wier nämlech elo scho schwéier Chaufferen ze fannen.

E Betrib erausgepickt: Déi 400 Camione vun der Transport Firma Arthur Welter tanken eng 12 Millioune Liter Diesel d'Joer. D'Hausse vun 2 Cents pro Liter op den Accisen, bedeit deemno konkret: 240.000 Euro u Méi-Käschten.

Grond genuch fir de President vun der Chambre de Commerce, Nicolas Henckes, de Professionellen Diesel ze fuerderen. Wéi et e schonn am Ausland gëtt. Hei kréien d’Betriber en Deel vun den Accisen zeréck. An der Belsch sinn dat zum Beispill 247 Euro vun 380 Euro déi un Accisen, op 1.000 Liter Diesel bezuelt musse ginn.

Fir déi Responsabel aus dem Secteur gëtt et keng Alternativ zum Diesel. Elektresch Gefierer kënne just op kuerzen Distanzen agesat ginn, sou d’Presidentin vum Gruppement Transport, Marianne Welter.

Flësseg Gas produzéiert zwar 80 % manner CO2, déi Technik ass awer nach net prett an et feelt virop un Tankstellen.

Fazit. Duerch de Brëll vum Transportsecteur gekuckt: wäerten déi 2 Cents un Accisen .. um Liter Diesel, déi Global Ëmweltbilanz net verbesseren. Et misst wieder Diesel getankt ginn. Op zu Lëtzebuerg oder an der Belsch. D’Regierung géif just riskéieren un Accisen, an deemno och Recetten ze verléieren. Iwwerdeems géif de Secteur, deen zu de Standbee vun der Nationaler Wirtschaft ziele soll, weider belaascht, sou déi Responsabel.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Marianne Welter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.