Eisen Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moien war den DP-Deputéierten André Bauler.

D'Politik vun der Regierung reegelméisseg op de Leescht huelen an d'makro-ekonomesch Analys vum Land ëmmer nees verfeineren a verdéiwen. Dat sinn zwou vun de Recommandatiounen, déi de Budgetsrapporter André Bauler zum Budget 2019 gëtt.

Am RTL-Interview e Mëttwoch de Mueren, huet den DP-Politiker erkläert, datt d'Digitaliséierung de Schwéierpunkt vun senger Analys wier. Mat der Fro: Wéi kann een Informatik an den Déngscht vum eenzele Bierger stellen?

Déi héich Investissementer an de Beräicher Mobilitéit, Wunnen, Educatioun a Gesondheet wiere wichteg, fir datt d'Land kompetitiv bleift. Respektiv attraktiv, wéi et den André Bauler léiwer nennt.

D'Kritik, datt de Budget op ze vill optimistesche Wirtschaftsprognose géif baséieren, léisst de Budgetsrapporter net gëllen. Déi lescht Budgeten hätte bewisen, datt Regierung ëmmer virsiichteg an hiren Aschätzungen ass.

Nächste Mëttwoch sinn d'Budgetsdebatten an der Chamber an en Donneschdeg dann de Vott.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: André Bauler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.