Dat huet den Invité vun der Redaktioun Charel Schmit vum Fachverband fir Sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung en Donneschdeg de Moien ënnerstrach.

AUDIO: Resumé Invité Charel Schmit / Reportage Maxime Gillen

D'ANCES begréisst, datt d'Reform vum Jugendschutzgesetz elo nach eng Kéier op de Leescht geholl gëtt. Hei am Land wier et nämlech laang entweder Schutz- oder Strofmodell gewiescht. An dat hätt der Reform geschuet. Fir d'ANCES ass et elo wichteg, datt am neien Text, d'Kand als Acteur definéiert gëtt. Datt seng Meenung gehéiert gëtt. Och de Prinzip vun aussergeriichtleche Léisunge misst an d'Reform stoe kommen. An, datt de Fräiheetsentzuch dat allerlescht Mëttel ass. Mannerjäreger am Prisong sollen een Tabu sinn.

Et bräicht een och net onbedéngt weider Infrastrukturen. Wann een adequat Gesetzestexter hätt, sou nach den Charel Schmit.

Et wier e richtege Befreiungsschlag. De Charel Schmit vum Fachverband fir sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung begréisst, dass d'Reform vum Jugendschutzgesetz elo nach eng Kéier op de Leescht geholl gëtt. Den Invité vun der Redaktioun begréisst, dass agesi gouf, dass et muss méiglech sinn, fir Kanner a Jugendlecher ze bestrofen a se gläichzäiteg ze schützen.

Well zu Lëtzebuerg ëmmer geduecht gouf, dass sech de Strof- an de Schutzmodell géigesäiteg ausschléissen, hätt ee verpasst matzekréien, dass all déi aner Länner ronderëm mat engem Jugendstrofrecht dëst weiderentwéckelt hunn. Dobäi wieren eng Hellewull u Richtlinnen a Recommandatiounen doriwwer entstanen, wéi deen erzéieresche Gedanken an d'Jugendjustiz kann integréiert ginn: „Eng Iddi, déi zum Beispill an der Belsch, duerch déi nei Gesetzgebung, déi den 1. Januar dëst Joer a Kraaft getrueden ass, komm ass, ass dass de Jugendleche selwer e Projet formuléiert. Dat heescht e Kanneraffekot ka – deemno wéi, mam Sozialaarbechter zesummen – en eegene Projet dem Jugendriichter virleeë fir eng Äntwert ze fannen. Dat kann en Täter-Opfer-Ausgläich sinn, dat kann eng Mesure sinn, fir e Schued, dee gemaach gouf, erëm gutt ze maachen. Dat kann och eng Propose sinn, fir eng therapeutesch Moossnam ze maachen.“

Et wier wichteg, dass am neien Text d'Kand als Acteur definéiert gëtt an dass an Zukunft seng Meenung besser gehéiert gëtt. Dës wier net ausschlaggebend ma se misst berécksiichtegt ginn. E weidere Prinzip, deen dem Charel Schmit no an dat neit Gesetz gehéiert, ass dee vun den aussergeriichtleche Léisungen. Bis ewell géifen et déi zwar ginn, ma wieren nach net kloer genuch am Gesetz verankert. Iwwerdeems misst de Fräiheetsentzuch dat allerlescht Mëttel sinn. A Prisong fir Mannerjäreger dierft keng Optioun sinn: „Mir mussen elo dofir suergen, dass de Centre socio-educatif de l'État vun Dräibur dezentraliséiert an deinstitutionaliséiert gëtt. Mir mussen awer oppassen, dass dat net alles um Territoire vu Schraasseg an Dräibur ass. Mir brauche keen zweet oder drëtt Kannerduerf zu Dräibur, mä mir musse kucken iwwer Land méi Wunngruppen a spezialiséiert Settingen ze kréien, wou mer deenen ënnerschiddleche Jugendleche besser kënne Rechnung droen.“

De Fachverband setzt sech iwwerdeems och dofir an, dass jonk Erwuessener d'selwecht behandelt ginn, wéi Jugendlecher: „Et ass kloer, dass mir e spezifesche Kader brauche fir déi jonk Erwuessen, fir dass déi kënne vun de Mesurë vun enger Strofprozessuerdnung fir Mannerjäreger profitéieren. An deem Kader musse mir och e Mindestalter fir Strofmündegkeet festleeën.“

Dem Charel Schmit no, bräicht een och net onbedéngt nach zousätzlech Infrastrukture – et bräicht ee just adequat Gesetzestexter.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Charel Schmit
AUDIO: Resumé Invité Charel Schmit / Reportage Maxime Gillen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.