Mat eisem Invité vun der Redaktioun hu mir e Méindeg de Moien iwwer de Budget an d'Steierhaussen op Bensinn an Diesel geschwat.

D'Steiererliichterunge fir Betriber am Budget 2019 ginn net duer. Dat well d'Basis déi besteiert gëtt, ëmmer méi breet gëtt.

Dat huet den Direkter vun der Industriellenfederatioun, FEDIL, de René Winkin am RTL-Interview erkläert. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

De groussen Challenge fir Lëtzebuerg a fir d'Betriber ass, steierlech attraktiv ze bleiwen. Et missten déi richteg Mesurë geholl ginn. D'Recetten och vun de multi-nationale Betriber misste geséchert sinn, wa mer op dësem héijen Niveau am Land wéilte weiderfueren.

Op d'Hausse vun den Akzisen op Bensin an Diesel ugeschwat, huet de René Winkin gemengt, datt déi Hausse speziell bei de Camionneure spillt. Den Impakt géif d'Staatskeess méi staark ze spiere kréie wéi d'Petrolieren. Och hei misst een en Equiliber halen. Wann d'Regierung elo allgemeng wéilt, datt manner Volume verkaf géif ginn, hir Politik wéilt änneren, misst se mat Zäite Bescheed soen, sou de René Winkin.

Da missten d'Petrolieren nämlech desinvestéieren. Da misst een aner Weeër goen, et wär awer en deiere Wee. Datt hei am Land sou vill Bensin an Diesel verkaf a vill Suen domadder verdéngt ginn, wär numol iwwer d'Akzisepolitik an iwwer d'Regierung gesteiert. De Fedil-Direkter gesäit awer mat der klenger Akzisen-Hausse elo den 1. Mee net, datt d'Regierung d'Politik drastesch wéilt änneren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.