D'Véronique Faber vum Cercle vun den ONGe war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ass esouguer nach besser, wéi just déi 2. Plaz weltwäit. Dat sot um Mëttwoch de Moien d’Veronique Faber vum Cercle vun den ONG’en, iwwert d’Deklaratioun vun der Kooperatiounsministesch en Dënschdeg an der Chamber.

Lëtzebuerg géif a säi Bilan nämlech am Géigesaz zu anere Länner, weder d’Käschte fir Refugiéen, nach Klimakäschte mat arechnen.

Den 1% vum nationale PIB, deen an d’Entwécklungshëllef fléisst, wier also "pur" ze gesinn. Aner Länner géifen dogéint nach Käschte fir Flüchtlingshëllef a Klimaprojeten mat arechnen.

De Rôle vun den ONGen hätt sech dem Veronique Faber no, geännert. D'ONGen kéinten awer méi konstant an d'Kooperatiounspolitik matagebonne ginn.

Klassesch Projete wéi Schoulen bauen, wieren zwar nach ëmmer wichteg, mä et géif ewell och ëmmer méi drëms goen d’Leit iwwert hir Rechter a Flichten opzeklären. Och d’Digitalisatioun stéing ëmmer méi am Fokus.

Am grousse Ganzen ass de Cercle vun den ONGen deemno zefridde mat der nationaler Entwécklungspolitik. Eenzege Punkt wou ee sech eng liicht Verbesserung géif wënschen, wier den participativen Dialog, dee sollt institutionaliséiert ginn. Hei sollt een dem Veronique Faber no kucken, fir Prozesser a Gang ze setzen, fir dat hinzekréien.

Wat d'Vertrauen an d'Hëllefsorganisatiounen ugeet, do géif och dru geschafft ginn. D'Leit wëllen hautdesdaags nämlech méi konkret Fakten, wat mat hiren Doen geschitt. A speziell déi Jonk wëllen net méi einfach Suen an eng klassesch Hëllefsstruktur ginn, mä selwer eng Hand mat upaken. Deem wäert an Zukunft verstäerkt Rechnung gedroe ginn an de Projete vun den Hëllefsorganisatiounen.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Véronique Faber

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.