De President vun der Asbl an Expert fir Konkurrenzrecht Maître Gabriel Bleser war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Trotz liichte Verbesserungen, bleift de Sujet Konkurrenzrecht en Tabuthema zu Lëtzebuerg, sou de Gabriel Bleser, Expert fir Konkurrenzrecht am RTL-Interview. Den Invité vun der Redaktioun mengt, datt de Staat wéinst eegene Participatiounen an Entreprisen kee wierklechen Intressi un engem staarke Konkurrenzrecht huet. Den Droit de la Concurrence ass awer wichteg, besonnesch fir kleng- a mëttelgrouss Betriber viru groussen Entreprisen ze protegéieren.

D'Objektiv vum Konkurrenzrecht ass, dass de Konsument de beschtméigleche Choix huet an déi beschtméiglech Präisser. Dass d'Entreprise sech net ënnerteneen ofschwätzen, fir e Präis festzeleeën. Bahlsen hätt sech zum Beispill mat de Lëtzebuerger Supermarchéen ofgeschwat, sou dass et keen Ënnerscheed an de Präisser vun hire Produite gouf. De Konsument war do natierlech am Nodeel, en huet also héich Präisser missen bezuelen, well keng Alternativen do waren. A fir genee sou Saachen ass de Conseil de la Concurrence do.

Den Droit de la concurrence hätt keng richteg Lobby zu Lëtzebuerg, sou den Expert fir Konkurrenzrecht weider, eben och well et u spezifeschen Instrumenter feelt. Et hätt eng Kéier een entspriechende Rapport doriwwer ginn, ma dee wär am Tirang verschwonnen.  Ma, de Gabriel Bleser hofft awer elo, datt mam neien Konsumenteschutzministère eppes an deem Dossier geschitt. Hie wäert och eng Entrevue mat der zoustänneger Ministesch ufroen.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Maître Gabriel Bleser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.