En Donneschdeg de Moie war de President vun der Mënscherechtskommissioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerg huet e groussen Asaz fir Mënscherechter. "Mir sinn e Land, dat enzwousch eng Heemecht ass fir Mënscherechter", dat sot de Gilbert Pregno en Donneschdeg de Moien. De President vun der Mënschrechtskommissioun war eisen Invité vun der Redaktioun. D'CCDH huet de Koalitiounsaccord am Detail analyséiert an e grousst Dokument vu 75 Säite verfaasst.

Allgemeng gëtt et keng schlecht Zensur fir de Koalitiounsaccord, op verschiddene Plaze bleift awer Loft no uewen, zum Beispill beim Thema Mënschenhandel. Déi Ausso wär vläicht gewot. Mä et misst een och Fortschrëtter unerkennen, net nëmmen dat kucken, wat nach muss gemaach ginn.

AUDIO: De Gilbert Pregno

Beim Accueil vun de Flüchtlinge misst nach nogebessert ginn. Abuse solle verhënnert ginn. Mineuren, déi ouni Famill heihinner kommen, missten extra geschützt ginn. Lëtzebuerg sollt an Europa mat engem gudde Beispill virgoen.

Weider misst vill investéiert ginn an d'Erzéiung, mengt de Gilbert Pregno. Erzéier an Enseignanten missten ënnerstëtzt ginn.

De President vun der Mënschrechtskommissioun wënscht sech allgemeng, datt Gesetzprojete méi präzis sinn. National Aktiounspläng misste méi genee definéiert ginn.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Gilbert Pregno

Aus technesche Grënn, ass de Video-Replay leider net disponibel.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.