E Méindeg de Moie war d'Mady Delvaux eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Ursula von der Leyen als EU-Kommissiounspresidentin ass keng gutt Léisung. Un d'Prozedur an d'Iddi vun de Spëtzekandidate wär sech net gehale ginn. Dat wär keng gutt Manéier, fir Politik ze maachen, sot d'Mady Delvaux e Méindeg de Moien. Datt d'Von der Leyen vun Ungarn a Polen ënnerstëtzt gëtt, wier och kee gutt Virzeechen. Dës Länner wiere jo géint de sozialistesche Kandidat Frans Timmermans gewiescht, well dee méi streng a Saachen Mënscherechter wier.

Déi fréier LSAP-Ministesch an Europadeputéiert war eis Invitée vun der Redaktioun. Si huet sech no 30 Joer aus der Politik zeréckgezunn.

Wéi elo den EU-Kommissiounspresident erausgewielt gouf, géif dem Image vun der Europapolitik schueden. Si wär verdrësslech doriwwer.

Firwat si dann decidéiert hätt, sech elo politesch zeréckzezéien, sot d'LSAP-Politikerin: "Ech si midd, ech hu keng Loscht méi". Jonk Leit misste kommen. Et dierft een och net ze laang bleiwen an et wär en haarde Business. Si géif och haut nees kloer an eng LSAP goen.

D'Mady Delvaux war jo och laang Joren Educatiounsministesch. Si géif d'Schoulpolitik net méi kommentéieren. D'Schoul misst sech erneieren, sou wéi och d'Gesellschaft. Dat géif awer dacks net agesinn an acceptéiert ginn.

AUDIO: Invitée vun der Redaktioun: Mady Delvaux

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.