E Mëttwoch de Moie war den Direkter vun der Chambre de Commerce eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Klima an der Weltwirtschaft ass net dat Bescht, confirméiert de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce.
D'Onsécherheete si grouss, notamment wéinst dem Handelskrich tëscht China an den USA. Eng Situatioun, déi net néideg gewiescht wier an déi op falsch politesch Decisiounen zeréckzeféiere wier.

E Risiko fir eng grouss Kris wier kloer do. All d'Cartouche fir antizyklesch Politiken ze maachen, wieren net méi do. Nach wier d'Situatioun net dramatesch, mä et misst ee virsiichteg sinn.

Beim Brexit wéisst ee guer net a wéi eng Richtung dat et geet, et misst een ofwaarden. Lëtzebuerg wier prett a kuerzfristeg kéint den Impakt vum Brexit positiv sinn, laangfristeg kéinten et awer méi grave Konsequenze ginn. D'Finanzplaz London war bis ewell en enken Alliéierten a Groussbritannien e wichtegen Handelspartner.

Allgemeng wieren d'Lëtzebuerger Betriber nach ëmmer relativ optimistesch, Konkret Ängscht gëtt et beim Rekrutement, bei de Käschten a bei der Flexibilisatioun. Et wier ze begréissen, datt politesch Mesurë geholl géife ginn, fir de Salariéë méi Flexibilitéit ze bidden, ma fir déi Kleng- a Mëttelbetriber sollt et och eng Géigeleeschtung ginn.

Bei der Digitaliséierung kéint méi op de Gas gedréckt ginn, notamment am Beräich Educatioun, seet de Carlo Thelen.
De sougenannte „Coding“ sollt méi generell am Schoulsystem agefouert ginn.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun Carlo Thelen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.