E Freideg de Moie war den neie Generalvikar eisen Invité vun der Redaktioun.

"Ech war u sech schonn drop virbereet, dass ech kéint Generalvikar genannt ginn, ganz iwwerraschend koum et net, mä et ass natierlech eng grouss Éier".

Dat sot de Patrick Muller um Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, deen ewell, zesumme mam Léon Wagner Generalvikar an der kathoulescher Kierch ass.

Datt Lëtzebuerg e Weibëschof kritt, ass keng Konsequenz vun der Nominéierung zum Kardinol vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich. Dës koum nämlech eréischt dono, war net gewosst a war deemno och eng grouss Iwwerraschung.

Et ass awer wuel wéinst den internationalen Engagementer vum Äerzbëschof, datt an Zukunft e Weibëschof an der Persoun vum Leo Wagener assistéiert. Hie wäert den Äerzbëschof dacks vertrieden an och zum Beispill Firmunge maachen. De Leo Wagener bleift jo och parallel Generalvikar a wäert weider responsabel fir d'Finanze sinn.

Et wier eng riseg Charge, déi ee sech géing deelen, seet den zweete Generalvikar Patrick Muller, dee sech an Zukunft ënner anerem d'Personal an ëm de pastorale Volet wäert këmmeren.

De Patrick Muller wäert och weiderhi Schoul halen, awer manner Stonnen hunn. Hien enseignéiert Mathé an och d'Fach „vie et société“, wat jo de Reliounsunterrecht ersat huet.

No der Trennung vu Kierch a Staat hätt een d'Ufank-Situatioun nach net ganz verdaut, et wier een am Gaang, sech finanziell nei opzestellen.

Sou wéi hien et héieren hätt, wieren och weiderhi Poren interesséiert, fir Sozialwunnengen ze bauen, och mat Konventioune vu 40 Joer, amplaz 20 Joer.

Als gréissten Defi fir d’kathoulesch Kierch fir d’Zukunft, jugéiert de Patrick Muller iwwregens, dass d’Kierch souwuel no bei Gott, wéi och no bei de Mënsche misst sinn, an sou eng "Vermëttlung, kéint hierstellen...".

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Patrick Muller