En Dënschdeg de Moie war den LSAP-Politiker Mars di Bartolomeo eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Ist-Zoustand ass esou, dass eng Noutwendegkeet besteet fir den Haus- a Vertrauensdokter ze stäerken.

Dee Fazit huet den LSAP-Deputéierten a fréiere Santésminister Mars Di Bartolomeo en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun gezunn.

D’Gesondheetspolitik dierft ee net beschränken op déi schwéier Infrastrukturen, mä et misst een e ganze Gesondheetsplang hunn, dee vu Präventioun, bis zu der Fërderung geet an , wichteg, och flächendeckend wier.

Gruppe-Praxen ze fërderen wier dohier de richtege Wee, a géif souwuel fir d’Dokteren, wéi och fir d’Patienten eng helle Wull vu Virdeeler schafen. Fir de Staat wier et och méi einfach, a méi rentabel, fir esou Strukturen ze ënnerstëtzen, och finanziell, fënnt de Mars Di Bartolomeo, deen och ze bedenke gëtt, dass een dem scho bal chronesche Manktem u medezineschem Personal esou och kéint entgéint wierken.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Mars di Bartolomeo