E Mëttwoch de Moie war de Vize-President vum OAI eisen Invité vun der Redaktioun.

"Et muss an et wäert méi dezentral gebaut ginn." Déi Projektioun huet de Marc Feider e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun gemaach.

Am Joer 2060 hu mer 1 Millioun Awunner, 600.000 Frontalieren an d'Leit gi méi al. Wat bedeit dat fir eist Liewen, respektiv wunnen? Dat war d'Diskussiounsbasis vun enger Table ronde en Dënschdeg. Invitéiert haten den Orde des Architectes et des Ingenieurs-Conseils, den OAI, an d’Fondatioun Idea.

De Vize-President vum OAI, dem Ordre des archtitectes et des ingénieurs, huet gemengt, dass mer an Zukunft anescht misste bauen a wunnen. Méi kleng Wunnenge wieren onëmgänglech, vläicht souguer aner Wunn-Methoden.

D’Dezentraliséierung, ewech vun der Stad Lëtzebuerg wier awer kruzial. Dat ouni et zu enger Zersiddlung kommen ze loossen. Wunnen, Schoul a Schaffe missten dofir op méi Zentren am Land verdeelt ginn.

D'Präisser vun de Wunnenge wäerte warscheinlech och weider klammen. Do si speziell d'Proprietäre gefuerdert, sou nach de Marc Feider. Och den Transport muss deem Wuesstem ugepasst ginn. De Stroossen- an Zuchreseau soll jo dowéinst ausgebaut ginn. Dës Mesuren ëmsetzen, dauert awer. Dowéinst wier et wichteg, datt d'Simplification administrative viru gedriwwe gëtt.

D’Politik misst och kucke wéi Lëtzebuerg als Metropol an der Groussregioun gesi gëtt a mat den Nopeschlänner zesummeschaffen.

Déi ganz Entwécklung wier e groussen Challenge, sot de Marc Feider. Virun allem alles an Aklang ze bréngen, an eng Liewensqualitéit trotzdeem ze erhalen. D’Politik misst dofir Barrière weiderhin duerch administrativ Vereinfachunge léisen, an et wier wichteg, dass och d’Gemenge verstäerkt an d’Boot geholl ginn, virun allem wann et ëm disponibel Terraine geet.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Marc Feider