E Freideg de Moie war den Ernest Pirsch vum "House of Automobile" eisen Invité vun der Redaktioun.

Et ass schued, datt bei der Klimaschutz-Diskussioun, an der Haaptsaach den Auto kritiséiert gëtt. Fligeren a Schëffer wiere méi schlëmm, sou den Ernest Pirsch vum House of Automobile , dat Garagisten an hier Interessien zu Lëtzebuerg vertrëtt, am RTL-Interview.

Den Auto wier eben am visibelsten: Et steet een am Stau, an d'Emissioune kritt een direkt mat. Dobäi wieren nei Bensinner a nei Diesele vill méi propper ginn.

An Zukunft wäert den Auto villäicht manner Importenz hunn a manner benotzt ginn. Duerch de Wuesstem vun der Populatioun wäerten et awer ëmmer méi Gefierer op de Stroossen ginn.

Datt de Verbrennungsmotor verschwënnt mengt den Ernest Pirsch net. Et wäerte verschidden Technologien niefteneen existéieren. Diesel, Bensinner, Elektro, Elektro-Hybrid an vläicht och Waasserstoff. Den Auto gëtt op alle Fall ëmmer méi propper, d'Branche muss jo Oplage vun der Politik ëmsetzen, sou den Ernest Pirsch vum House of Automobile.

D'Relatioun mam gréngen Transportminister Bausch ass iwwregens gutt, d'Regierung wier kompromëssbereet.

Dialog a Respekt wieren do.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Ernest Pirsch