E Méindeg de Moie war d'Cheffin vun der grénger Fraktioun an der Chamber eis Invitée vun der Redaktioun.

"Mer waarden drop, bis de Parquet d'Enquête ofgeschloss huet, an dann eréischt tranchéiere mer". Dat sot d’Josée Lorsché e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Et sollt een net virun de Won sprangen, sou déi gréng Fraktiounscheffin, ugeschwat wéi een am Dossier Roberto Traversini wäert weider fueren, an op hien Deputéierte fir déi Gréng Partei ka bleiwen.

Si géing et als schwiereg ugesinn, dass hien nach a Fro kéim, fir e Ministesch-Posten ze iwwerhuelen, sollt dat de Fall ginn, duerch beispillsweis den Häerzinfarkt vum Félix Braz.

Fir de Rescht sollt een d’Justiz elo hir Aarbecht maache loossen. Zu Lëtzebuerg géif d’présomption d’innocence gëllen, an dohier wéilt ee sech och net zu enger lafender Enquête äusseren.

De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter vun Déifferdeng zeréckgetrueden, eng Enquête géint hie leeft.

D’Josée Lorsché huet awer confirméiert, dass esou e Fall natierlech ni besonnesch gutt wier fir eng Partei. Et wier een net frou driwwer, an et wéilt ee sech nach emol drop besënnen, opzepassen, dass an Zukunft d’Mandater korrekt ausgefouert ginn.

Déi Gréng wieren eng Partei déi zesummen hält, a grad elo, wou een an enger schwiereger Situatioun wier, géif d’Josée Lorsché drop hoffen, dass ee sech nees vu bannen eraus op hir Stäerkten besënnt.

Invité vun der Redaktioun: Josée Lorsché