En Dënschdeg war den LSAP-President den Invité vun der Redaktioun.

D'LSAP wëll am Kader vun der Steierreform eng gerecht Iwwerpréiwung vum Steierbarème. Kleng a mëttel Akommes sollen entlaascht ginn.

An et misst een och iwwer eenzel Mesuren am Beräich Betribsbesteierung diskutéieren, dat sot de Franz Fayot um Dënschdeg de Moien, de President vun der LSAP war eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi grousse Linne vun enger Steierreform si jo am Koalitiounsaccord festgehalen. Elo lafen Aarbechtsgruppen tëscht de Regierungsparteien un. Zil wär e globalen, gerechte Package.

De Franz Fayot gëtt gäre mat méi „Radikalitéit“ an der Politik associéiert. „Radikal“ géif vu Wuerzel kommen, sou de President vun de Sozialisten.

Et géif net heeschen, alles iwwer Bord geheien. Hie kéint sech zum Beispill am Logement virstellen, datt ee vill méi konsequent géint d'Spekulatioun virgeet. Hien huet an der Vergaangenheet och méi oder aner Steiere wéi eng Verméigenssteier oder CO2-Steier an d'Spill bruecht. De Franz Fayot weess, datt dat net mat de Koalitiounspartner ze maachen ass, dat wär am Regierungsprogramm net festgehalen. Dat géif awer net heeschen, datt een als LSAP fir d'Zukunft net driwwer soll a misst diskutéieren.

An der LSAP wär een aktuell ganz vill am Gaang, ze schaffen, fir d'Strukturen nei opzestellen.

Wat dann en neien LSAP-Deputéierten aus dem Zentrum ugeet. De Marc Angel, dee fir den Nicolas Schmit an d'Europaparlament geet, muss jo ersat ginn. Do ass nach keng Decisioun gefall, ob d'Francine Closener noréckelt oder d'Cécile Hemmen. Wie fir d'LSAP an de Staatsrot kënnt, muss och nach decidéiert ginn.

Op d'Affär Traversini ugeschwat an ob hie ka gréngen Deputéierte bleiwen, huet de Franz Fayot d'Présomption d'innocence ervirgehuewen. Déi Gréng missten dat intern klären.

Invité vun der Redaktioun: Franz Fayot