En Donneschdeg de Moie war de Landwirtschafts- a Sozialminister eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerg ass nach ëmmer fräi vun der Schwéngspescht. Dat huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun confirméiert.

An der Tëscht wieren eng 280 Analyse vu Wëllschwäin-Kadaveren gemaach ginn, déi alleguer negativ ausgefall sinn. Et géif een och mierken, dass d'Fäll vun der Schwéngspescht bei eisen Noperen an der Belsch kontinuéierlech erof ginn, an et géif een hoffen an den nächste Méint op 0 ze kommen.

De Minister wéilt virum Ufank vun der Juegd-Saison d'Task-Force awer nach emol beienee ruffen. Et wier nämlech kloer, dass d'Schéisse vun de Wëllschwäin misst weider goen, fir déi ominéis Zone blanche am Süd-Weste vum Land "Wëllschwain-fräi" ze kréien. Ma och soss am Land misst de Bestand reduzéiert ginn, well ee gemierkt hätt, dass d'Schied an der Landwirtschaft duerch d'Wëllschwäin massiv an d'Luucht gaange wieren.

De Romain Schneider huet um Donneschdeg de Moien awer och d'Investissementer vum Pensiounsfong, a senger Funktioun als Sozialminister verdeedegt. E géif ee schonn zanter Joren dru schaffen fir d'Situatioun ze verbesseren, a manner a fossil Energië wéi Gas oder Pëtrol ze investéieren.

Greenpeace an Déi Lénk hate genee dat jo des Woch ferm kritiséiert, a Greenpeace huet souguer annoncéiert eng Plainte ze maachen.

Et géif ee sech dru ginn, sot de Minister, fir méi nohalteg ze ginn. Dat wier och esou am Regierungsprogramm festgehale ginn. Et dierft een net alles just schwaarz oder wäiss gesinn. D'Investissementer an net erneierbar Energien géifen och just e klengen Deel vum Gesamt-Investitiounschiffer ausmaachen.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Romain Schneider