En Dënschdeg de Moie war den Direkter vum Statec eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Zoustand vum Land ass gutt. Dat seet den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerg géif sech mat engem viraussiichtleche Wirtschaftswuesstem vun 2,5% dëst Joer, stabille Staatsfinanzen, Emploi a Chômage an enger ganz komfortabeler Situatioun befannen.

Fir d'nächst Joer wier een, bedéngt duerch international Instabilitéite wéi e méiglechen net gereegelte Brexit, oder den amerikanesch-chineseschen Handelskrich, liicht méi pessimistesch.

Op d’Fro hin, op mer da weiderhin ëmmer op de Wuesstemsmodell setze missten, sot den Direkter vum Statec, dass een d’Croissance jo net géif dekretéieren, mä dass se duerch méi Produktioun a méi Konsum eben automatesch géif entstoen.

Et kéint een awer d’Diskussioun féieren, wéi een Typ vu Wuesstem dass ee wéilt. Qualitative Wuesstem, deen d’Inegalitéiten erof setzt, oder manner CO2-Ausstouss verursaacht, dat wier erstriewenswäert.

De Serge Allegrezza geet iwwerdeems dervun aus, dass déi nächst Indextranche nach dëst Joer fälleg gëtt. Genee kéint een dat awer net soen.

Wat de Populatiouns-Wuesstem ugeet, rechent ee beim Statec dermat, dass ee spéitstens am Joer 2050 den 1-Milliounen-Awunner-Staat dierft erreechen. Den Ament klëmmt d’Awunnerzuel ëm netto 10.000 Leit pro Joer.

Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.