En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Fedil eisen Invité vun der Redaktioun.

Et ass ganz positiv, dass d’Investissementer weiderhin op engem ganz héije Niveau gehale ginn. Dat brauche mer och, fir Retarden opzeschaffen. Dat sot de René Winkin en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Direkter vun der Fedil fënnt, dass d’Regierung dat gutt erkannt hätt. Retarden hätt een der beispillsweis an de Kommunikatiounsweeër, bei den Infrastrukturen oder am Logement.

Hie géif fir den Ament dofir näischt gesinn, wouranner de Budgetsprojet fir 2020 der Industrie net géif zegutt kommen. Et misst een awer natierlech mol nach d’Detailer aus der annoncéierter Steierreform ofwaarden.

Fir d’Industrielle-Federatioun wier et och wichteg, dass de Finanzminister e Méindeg op Menacen higewisen huet, déi Verännerunge mat sech brénge kéinten, wéi den internationalen Handelskrich oder de Brexit. Fir de René Winkin géif et do dernieft awer nach zwou weider Gefore ginn, déi de Marché beaflosse kéinten, an zwar d’Konflikter am Noen Osten, wéi och d'Onsécherheete bei der technologescher Transitioun. Als Beispill huet de René Winkin do d’Automobilindustrie genannt, déi net méi weider op den Diesel géif setzen. Bis ewell wier awer eben och nach net ganz kloer, a wéi eng Richtung et da soll goen. Dat géif zu enger Zorte Stau féieren, well d’Betriber ze vill onsécher wieren a wéi eng Richtung se investéiere sollen.

Invité vun der Redaktioun: René Winkin

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.